The Vienna Declaration available also in Luxembourgish
01 March 2011Op der kollektiver Konferenz vun EBLIDA a NAPLE Forum zu Wien am Mee 2009 gouf decidéiert, d'Roll an de Potential vun de Bibliothéiken an Europa beim Entstoen vun enger Europäescher Wëssensgesellschaft ze stäerken. Doropshinn fuerderen d'EBLIDA a NAPLE d'Europäesch Kommissioun op, Fortschrëtter an deem Beräich duerch folgende véier Rekommandatiounen ze maachen:
1. Wäissbuch „Ëffentlech Bibliothéiken an der Wëssensgesellschaft":
D'EBLIDA a NAPLE Forum appelléieren un d'Europäesch Kommissioun, e Wäissbuch z'adoptéieren, dat déi nei Roll vun Ëffentleche Bibliothéiken an der europäescher Wëssensgesellschaft beschreift an dat de Memberstaaten recommandéiert an se encouragéiert, sech fir Bibliothéiken anzesetzen. D'Wäissbuch soll sech ënner anerem op d'Arbescht vun enger héichrangeger Expäregrupp fir Bibliothéiken, agesat
duerch d'Europäesch Kommissioun, baséieren.
2. Wëssenszentrum:
Mär fuerderen doriwwer eräus d'Europäesch Kommissioun op, en europäescht Wëssenszentrum fir Ëffentlech Bibliothéiken ze kreéieren, dat, un EBLIDA attachéiert, koordinéiert, aktuell a sécher Informatiounen iwwer Ëffentlech Bibliothéiksservicer an allen europäesche Memberstaaten an am Europäesche Wirtschaftsräum EEA liwwert.
3. Europäesch finanzéiert Projetën:
Europäesch finanzéiert Projetën encouragéieren, déi d'Entwécklung vu Bibliothéiken op eng sënnvoll a nohalteg Manéier virundreiwen. D'Projetën sollen d'Entwécklung vun enger europäescher Bibliothéiksinfrastruktur am A hunn, déi existéierend Projetën mat héijer politescher Visibilitéit komplementéiere giffen. Iwwer déi héich visiblen digitale Bibliothéiksentwécklungsprojetën eräus muss eng kollektiv Infrastruktur fir Ëffentlech Bibliothéiken op d'Bee gesat ginn, fir d'Notzong vu nei kreéierten Onlineservicer z'acceleréieren an aktiv europäesch Biergerpartzipatioun z'ënnerstëtzen, esou ewéi vill Léierméiglechkeeten unzebidden.
4. Copyright:
Barrièrën an der Europäescher Unioun ofschafen, déi der Iddi vun der Entwécklung vun enger Wëssensgesellschaft widderspriechen. Eng fair Copyright-Politik ass gefrot, déi d'sënnvoll Rechter vun de Rechteproprietären mat consideréiert, mee déi zur selwechter Zäit räsonabel Ausnamen fir d'Arbescht vu Bibliothéiken schaft.
< back to overview